Tag: 3. Juni 2022

Eliza

Boing Starliner

Den Boing Starliner huet et endlech bis ob ISS an zereck ob Ärd gepackt. Dat ermeiglecht eng zousätzlech Firma ze hun dei bemannten Kapseln kennen unbidden. Beim Flug sin zwar 2 Düsen ausgefall mä et sin der emmer genug en Reserve.

AMD Neiegkeeten

Aus dem Haus vun AMD gin et och massiv Neiegkeeten. Esou gouf den Sockel AM5 ungekennegt an nei Prozessoren am 5nm Verfahren. Ausserdem ass den Wee frei fier DDR5 an PCI Express 5.0. An da mer nach net genug 5en an desem Artikel hun knacken dei nei Prozessoren aus der 7000 Serie dann elo 5 […]

Broadcom keeft VMWare

Domader geheiert den groussen Virtualiseirungsspezialist elo och zu Broadcom. Ech hoffen dat geht gut aus an VMWare bleiwt eis esou erhaalen wei bis ewell… Iwregens ass dat ganzt fier 61 Milliarden US Dollar iwert Bühn gang…

Sony WH-1000XM5

Sony WH-1000XM5 sin dann elo erhältlech fier Ronn 419€ Se hun nach een besserern Klang, ANC an Mikroen sin quasi all verduebelt sou dass bei Gespreicher een top geheiert get an manner zB den Verkeier. Da dei nei Generatioun dann elo eraus ass gin XM4 emmer mei belleg an leien elo bei ronn 287€ Dest […]

Waze & Apple Music

Waze, eng Google Navi Duerchter kritt elo Meiglechkeet Apple Musik ze streamen. Apple Music muss dann awer en Abo vun ronn 10€ hun Esou kann een seng Musik dann direkt iwert Waze steiren ouni mussen dauernt zwescht den Apps hin an hier ze switchen. Traureg dass esou eppes elo reicht emgesaat get…

Samsung

Samsung drosselt seng Produktioun un Smartphones drasteg an dat duerch all Sparten. Dat ganzt get em 30 Milliounen Eenheeten reduzeiert da se domader rechnen dass den Oofsatz vun hieren Geräter zereck wert goen. Da ech keen Fan vun Samsung sin an nie wert gin: Gudd esou… Am beschten nix mei produzeiren… (ass nun emol meng […]

Phishing

Obgepasst: Et sin erem eng onmass vun Phishing SMS an Mailen ennerwee. Fallt net drop eran. Kontrolleiert alles duebel an dreifach. Secher ass secher. Ech krutt zB rem sou een Erpresser Mail dass mein PC gehackt gin wier, en hät dann meng WebCam aktiveiert an alles gefilmt waat ech esou gemach hät asw asw. Schein […]