Wouhier kennt den Numm Eliza?

Eliza

ELIZA ass e Computerprogramm vum Joseph Weizenbaum am Joer 1966 entwéckelt fir d’Méiglechkeeten vun der natierlecher Sproochkommunikatioun tëscht engem Mënsch an engem Computer ze demonstréieren.

De Weizenbaum huet den Numm ELIZA gewielt op Basis vum Spill Pygmalion vum George Bernard Shaw. De Programm kann verschidde Gespréichspartner iwwer Skripte simuléieren. Et ass bekannt fir déi iwwerflächlech Simulatioun vun engem Psychotherapeut mat den net-direktive Methoden vun der Client-zentréierter Psychotherapie vum Carl Rogers.

Weizenbaum huet de Programm am MAD-SLIP fir en IBM 7094 geschriwwen dei den CTSS Time-Sharing System am Institute of Technology’s zu Massachusetts benotzt hun.

ELIZA kann als fréi Ëmsetzung vum Turing Test gesi ginn. Desen hät en awer net bestan well e Benotzer ka ganz einfach erausfannen, datt hie mat enger Maschinn kommunizéiert.